Wee si mir?

 


Numm:

Groussbus-Waler Musek asbl
ofgekierzt GWM

Logo:

Logo GWM

Emailadress:

info@gwm.lu

Sëtz:

Musekssall
11, rue Principale 
L-8610 Bëschrued

Nummer LBR:

RCSL: F13854

Grënnungsdatum:

11.11.2022

Ursprong:

Groussbusser Musek asbl gegrënnt 1856 - Geschicht
Wahler Musik asbl gegrënnt 1910 - Geschicht 

Säit September 2002 schaffe mir als zwou Nopeschmuseke schonn zesummen, mat engem gemeinsamen Dirigent, gemeinsame Sortien, Fester an Aktivitéiten.

Firwat elo ee neie Veräin?

Säit 2002 funktionéiert d'Zesummenaarbecht gutt, déi meescht Musikanten déi an de lëschte Joren dobäi komm si kennen et nit anescht a fir d'Aarbecht intern nach ze vereinfachen hu mir decidéiert just nach ee Kommitee ze hunn. Sou ass d'Decisioun komm fir een neie Veräin ze grënnen an déi zwee bestoend Veräiner an den zwou ausseruerdentleche Generalversammlungen den 19. Mäerz 2023 opzeléisen. D'Tatsaach dass och déi zwou Gemengen (Gemeng Groussbus a Gemeng Wal) de Wee vun der Fusioun opgeholl hunn, huet eis d'Decisioun vereinfacht.

Wee ka Member ginn?

Egal op Jonk, manner Jonk, fréiere Musikant vun der Groussbusser Musek resp. Wahler Musik, Awunner vun der Gemeng Groussbus-Wal awer och vun Nopeschgemengen. Jiddereen deen een Instrument spillt ass bei eis wëllkomm. Hu dir nach keen Instrument a wëllt bei eis matspillen da mëllt Iech bei eis a mir kucken op mir Iech ee passend Instrument kënnen zur Verfügung stellen. Kontakt.
Awer och wann Dir keen Instrument spillt hu mir niewent der Musik nach eng Staff Ekipp wou Dir kënnt Member ginn.

Ween ass dann elo d'Staff Ekipp?

Eis Staff Ekipp ass do fir z.Bsp. op eisem Gala-Concert de Comptoir, Service asw. ze maachen, oder fir op eisen Hämmelsmärsch mat der Keess matzegoen. Natierlech muss d'Staff Ekipp nit nëmmen schaffen mee get och op eis Sortien, Aktivitéiten an Ausflich invitéiert. Wann Dir och gären an eis Staff Ekipp kommt, dann zéckt nit a mellt Iech. Kontakt.

Huet d'GWM och ee Jugendorchester?

Niewent eisem groussen Orchester hu mir och ee Jugendorchester wou d'Kanner, déi am gaange sinn een Instrument ze léieren, kënne Member ginn. Si kënne gären nom 1 Joer Instrument probéiere kommen an eisem Jugendorchester matzespillen. Ënnert folgendem Link fannt Dir déi néideg Kontaktinformatiounen.

Kann een d'GWM och finanziell ënnerstëtzen?

Natierlech a mir soen elo scho merci fir all finanziell Ënnertstëtzung.
Hei eis Kontosnummer:
CCRA LU43 0099 7800 0121 8320